OFT GESTALLTEN FROEN

OFT GESTALLTEN FROEN

Wat ass een Cliq-o-mat?

Den Cliq-o-mat ass eng automatesch Fotosbox. Einfach ze benotzen, ausgerëscht mat engem professionellen Blëtz.
Eng bis véier Fotoen ginn an e personaliséieren Layout placéiert, an e puer Sekonnen mat engem professionellen Drucker gedruckt. Dir kennt elo äeren besonneschen Dag zu engem onvergiesslechen Moment maachen. Méiglechkeeten sinn onbegrenzt!
Wielt een oder méi Accessoiren vir sech ze verkleeden, iwwerleet Iech eng Pose an start den Countdown! Ob dem Moniteur vun eiser Fotosbox kennt Dir Iech selwer kucken an är Positioun ajustéieren. D’Foto gefëllt Iech, dann kennt Dir är Foto direkt erausdrécken. Dir kontrolléiert zu all Moment den Oflaf.

Ech kann zweschen 4 Modeller raussichen, wat heescht dat?

Mir hunn 4 verschidden Modeller vun Fotoboxen, an der wielen mer emmer Reegel eisen Standarddesign.
Wann Dir awer net vill Platz zb hutt, da wier eisen Minimodell vlait besser vir Iech.

Eisen Tower ass méi robust an besser vir méi laang Asätz. Den Tower gëtt oft an Verbindung mam Buzzer gewielt.

Eisen XXL Modell ass am Beschten vir een Event wou d’Fotoen am 15×20 Format gedréckt musse ginn.



Wielt einfach deen Design deen Iech am Beschten gefällt!

Group 67

XXL

Classic

Tower

Mini

Group 67

Dir braucht personaliséiert Schëlder vir är Fest?

Dir hutt een speziellt Thema vir äert Fest? Mir kennen Iech är Accessoiren vir dat Thema upassen
15 personaliséiert Schelder ginn entworf an gedréckt op eng Plack an op Wonsch schneiden mir Iech se och dann eraus

Wou kann d’Fotosbox histellen?

Vir eisen Cliq-o-mat optimal kennen ze benotzen ass eng fräi Platz vun 3x3m, eng Stroumprise an een Banneraum noutwendeg

Kann ech mäin Logo op den Ausdrock gesat kréien?

Eisen Cliq-o-mat ass een flotten Marketinggadget fir äeren Betrieb an dat mat enger grousser Visibilitéit op sozialen Netzwierker. Äeren Logo oder äer personaliséiert Message ass méiglech op eiser Fotosbox souwéi op äerer Foto. Vir méi Detailer einfach eis uschreiwen

Wat ass déi Polaroid option am VIP Package?

Am Polaroid gëtt een extra Pabeier ageluecht, an Dir kritt als Drock eng flott Foto am Polaroid-design. Dir kennt och flott Filteren benotzen vir ären Drock. Rumm kann natierlech och personaliséiert gi!

Wat ass den XXL Print am VIP Package?

Am XXL Print gi är Fotoen an 15×20 Format rausgedréckt.

Wie laang kenne mer den Cliq-o-mat benotzen?

An der Reegel kommen mir virun der Zäit an riichten den Cliqomat op. Mir kommen eis Maschinn entweder an der Nuet nach sichen oder moies fréi.

Kommen nach Frais de Transport oder Liwerkäschten dobei?

Nee, all eis Praiser sinn transparent an et kommen keng wieder Liwerkäschten dobäi!

Wei ass Drockqualitéit?

Cliq-o-mat ass houfreg an all eisen Maschinne eng professionell héichopléisend Canon DSLR Kamera an Verbindung mat engem professionellen Fotosdrucker kennen unzebidden. Dir kritt är Fotoen an enger héijer Drockqualitiéit.

Dir wäert Iech iwwert Resultat freeën!

Wéi funktionéiert eng Fotosbox?

Op eisem Live-Schierm kënnt Dir Iech korrekt positionéieren.

Wielt een oder méi Accessoiren vir sech ze verkleeden, iwwerleet Iech eng Pose an start den Countdown!Ob dem Moniteur vun eiser Fotosbox kennt Dir Iech selwer kucken an är Positioun ajustéieren.

D’Foto gefëllt Iech, dann kennt Dir är Foto direkt erausdrécken. Dir kontrolléiert zu all Moment den Oflaf.

Wei eng Hannergrënn kann een raussichen?

Eis Hannergrënn sinn grouss, aussergewéinlech an witzeg! Mir hunn eng Rei vun Hannergrënn, déi sech perfekt un äer Fest adaptéieren.
Am Stock hunn mer: wäiss, groe, schwaarz, Party, Maueroptik, Holzoptik, Blumendekor an een Galahannergrond.
Op Wonsch kann och een Hannergrond mat ärem Motiv bedréckt ginn, frot ären Devis un!
Gréisst vum Hannergrond ass 2m50 op 2m50.

Hutt Dir Accessoiren vir ze verkleeden?

Ah! D’Accessoiren. Wat wier een Fotoboxfest ouni sech ze Verkleeden. Wiesselt ären Look an e puer Sekonnen, Dier hutt vill Accessoiren zur Auswiel. Schnurrien, Brëller, Perrécken, Masken… Mir erfëllen all är Wënsch. Dir kennt natierlech och är eegen Accessoire benotzen

Wei gesinn eis Standard Fotosrummen aus?

Firwat brauch ech eng Internetverbindung (WIFI) beim Modell „ALL INKLUSIVE“?

Dass mir den beschten Service kennen ubidden, wier et gutt wann eisen Cliq-o-mat mat dem Internet verbonnen ass, dass mir an Echtzäit matgedeelt kréien, wann zb. Kartusche eidel ass. Dann sinn mer zur Zäit op ärem Fest an Dir braucht Iech net em den Pabeier wiessel ze këmmeren.

Wat ass déi Greenscreen option am VIP Package?

Eisen Greenscreen mécht aus äre Fotoen eppes Lëschteges, onvergiesslech an Aussergewéinleches.
An engem Raumschëff? Zëmmer op der Kopp? Am Fléien?
Alles ass méiglech mat eisem Greenscreen!
Dir hutt eng onendlech Auswiel un Faarwen, Motiver an Szenen.
Wielt ären Hannergrond, Foto gëtt virum Greenscreen gemaach, automatesch vun enger Software ersat an dir kritt Foto mat ärem digitalen Wonschhannergrond!

Wéini an wei engem Format kréien mir eis Fotoen nom Event?

Normalerweis e puer Deeg nom Event, kritt Dir eng Mail vun eiser Mailadress contact@cliqomat.lu (Spamuerdner och ëmmer iwwerpréiwen).
An der Mail befannen sech 3 Wetransferlinks mat den jeeweilegen Dossiere.
Een Dossier ass den „Print“dossier, mat den Fotosrummen wei se um Event rausgedréckt gi sinn.
Den zweeten Dossier ass den „Original“, dat heescht Fotoen ouni Rumm an maximaler Qualitéit.
Den leschten Dossier ass den „Pimped“, een Bonusdossier vun eis, wou d’Originalfotoen entweder an den Schwaarz/wäiss oder speziell Faarwen gesat gi.
Déi Links sinn an der Reegel e puer Wochen aktiv.