Den Cliq-o-mat ass eng automatesch Fotosbox. Einfach ze benotzen, ausgerëscht mat engem professionellen Blëtz.
Eng bis véier Fotoen ginn an e personaliséieren Layout placéiert, an e puer Sekonnen mat engem professionellen Drucker gedruckt. Dir kennt elo äeren besonneschen Dag zu engem onvergiesslechen Moment maachen. Méiglechkeeten sinn onbegrenzt!
Wielt een oder méi Accessoiren vir sech ze verkleeden, iwwerleet Iech eng Pose an start den Countdown! Ob dem Moniteur vun eiser Fotosbox kennt Dir Iech selwer kucken an är Positioun ajustéieren.
D’Foto gefëllt Iech, dann kennt Dir är Foto direkt erausdrécken. Dir kontrolléiert zu all Moment den Oflaf.
Cliq-o-mat ass houfreg an all eisen Maschinne eng professionell héichopléisend Canon DSLR Kamera an Verbindung mat engem professionellen Fotosdrucker kennen unzebidden.
Dir kritt är Fotoen an enger héijer Drockqualitiéit. Dir wäert Iech iwwert Resultat freeën!
Dir kritt op Wonsch är Kartusche wärend dem Event gewiesselt, dëst awer duerch een Oppräis vun 149 Euro. Dofir ass et besser am Virfeld schonns ze iwerleen vlait direkt den All Inklusiv ze huelen, wou den Pabeierwiessel mat dran ass, an ären Pabeierwiessel mei gënsteg wier.
Vir eisen Cliq-o-mat optimal kennen ze benotzen ass eng fräi Platz vun 3x3m, eng Stroumprise an een Banneraum noutwendeg
Wei laang kennen mer den Cliq-o-mat benotzen? Jee nom ausgewielten Package kommen mir Box entweder um 01:00, 02:00 oder 03:00 Auer sichen. Dir kennt zu all Moment ären Package em eng Stonn erweideren (100€ HTVA gëtt dann verrechent)
Am Polaroid gëtt een extra Pabeier ageluecht, an Dir kritt als Drock eng flott Foto am Polaroid-design. Dir kennt och flott Filteren benotzen vir ären Drock. Rumm kann natierlech och personaliséiert gi!
Eisen Greenscreen mécht aus äre Fotoen eppes Lëschteges, onvergiesslech an Aussergewéinleches. Dir kennt eis är digital Hannergrënn zouschécken oder mir sichen der vir Iech eraus.
Alles ass méiglech mat eisem Greenscreen! Dir hutt doduerch eng onendlech Auswiel un Faarwen, Motiver an Szenen.
Wielt ären Hannergrond, Foto gëtt virum Greenscreen gemaach, automatesch iwwert Internet vun engem Programm ersat an dir kritt Foto mat ärem digitalen Wonschhannergrond dann généreiert!
Dofir brauche mer och eng Internetverbindung déi stabil ass.
Mir hunn méi Boxen am Asaatz, et hänkt dofir dovunner of wei Disponibilitöit ass vun ären Datum.
Am Beschten ass et dofir esou fréi wéi méiglech ze reservéiieren fir sécherzestellen datt ären Datum verfügbar ass, mir sinn awer do ganz flexibel an kennen och 2 Deeg virun ärem Event eng Box vir ären Event fäerdeg stellen.
Dass mir den beschten Service kennen ubidden, wier et gutt wann eisen Cliq-o-mat mat dem Internet verbonnen ass, dass mir an Echtzäit matgedeelt kréien, wann zb. Kartusche eidel ass. Dann sinn mer zur Zäit op ärem Fest an Dir braucht Iech net em den Pabeier wiessel ze këmmeren.
Mir hunn och Méiglechkeet op eis Boxen an Echtzäit zouzegräifen an direkt noutwendeg Modifikatiounen kennen op der Maschinn ze maachen.
Desweideren sinn doduerch är Fotoen mat QR-Code déi gemaach goufen um Event, direkt accessibel an kennen online gedeelt ginn.
Normalerweis e puer Deeg nom Event, kritt Dir eng Mail vun eiser Mailadress contact@cliqomat.lu (Spamuerdner och ëmmer iwwerpréiwen). An der Mail befannen sech 3 Wetransferlinks mat den jeeweilegen Dossiere. Een Dossier ass den „Print“dossier, mat den Fotosrummen wei se um Event rausgedréckt gi sinn. Den zweeten Dossier ass den „Original“, dat heescht Fotoen ouni Rumm an maximaler Qualitéit. Den leschten Dossier ass den „Pimped“, een Bonusdossier vun eis, wou d’Originalfotoen entweder an den Schwaarz/wäiss oder speziell Faarwen gesat gi. Déi Links sinn an der Reegel e puer Wochen aktiv.
Op eisem Live-Schierm kënnt Dir Iech korrekt positionéieren. Wielt een oder méi Accessoiren vir sech ze verkleeden, iwwerleet Iech eng Pose an start den Countdown! Ob dem Moniteur vun eiser Fotosbox kennt Dir Iech selwer kucken an är Positioun ajustéieren. D’Foto gefëllt Iech, dann kennt Dir är Foto direkt erausdrécken. Dir kontrolléiert zu all Moment den Oflaf.
Eisen Cliq-o-mat ass een flotten Marketinggadget fir äeren Betrieb an dat mat enger grousser Visibilitéit op sozialen Netzwierker. Äeren Logo oder äer personaliséiert Message ass méiglech op eiser Fotosbox souwéi op äerer Foto. Vir méi Detailer einfach eis uschreiwen
Wat wier een Fotoboxfest ouni sech ze Verkleeden. Wiesselt ären Look an e puer Sekonnen, Dier hutt vill Accessoiren zur Auswiel. Schnurrien, Brëller, Hitt… Mir erfëllen all är Wënsch. Dir kennt natierlech och är eegen Accessoire benotzen. Aus hygieneschen Grënn bidden mer keng Masken an Perrécken méi un!
Dir hutt een speziellt Thema vir äert Fest? Mir kennen Iech är Accessoiren vir dat Thema upassen 15 personaliséiert Schelder ginn entworf an gedréckt openg Plack an op Wonsch schneiden mir Iech se och dann eraus
Eis Hannergrënn sinn grouss, aussergewéinlech an witzeg! Mir hunn eng Rei vun Hannergrënn, déi sech perfekt un äer Fest adaptéieren. Am Stock hunn mer: wäiss, groe, schwaarz, Party, Maueroptik, Holzoptik, Blumendekor an een Galahannergrond. Op Wonsch kann och een Hannergrond mat ärem Motiv bedréckt ginn, frot ären Devis un! Gréisst vum Hannergrond ass 2m50 op 2m50
Mat der BLACK BOX kritt Dir eng Fotobox an engem edlen schwaarzen Design, deen mat der neister digitaler Kamera an Computer equipéiert ass. Speziell ass och, dass mir dat aktuellst heichwäertegst Pabeier ubidden wat Dir kennt um Marché fannen, dëst an enger Aluminiumoptik. Dat neit luxuriéis metallescht Pabeier gëtt e magesche Finish fir är digital Ausdréck. Är faarweg Fotoen mat opfällegen knallegen Faarwen oder schwaarz-wäiss
Fotoen mat engem eenzegaartegen Glanz
.
Vir är Event kritt Dir dofir am „VIP BLACK BOX“ eng Kartusche an der Alumuniumoptik installéiert, no deenen 400 Prints maachen mir dat normal Pabeier rëm dran. Op Wonsch kennt Dir awer och rëm eis Alu-Pabeier op Oppräis installéiert kréien. (199 Euro)
Wann eng Internetverbindung besteet da ginn äer Fotoen automatesch op eis Internetsäit cliqomat.lu gesaat an Dir kennt se mat äeren sozialen Medien deelen, wann erwënscht. Dir kennt är Foto dann mat ärem perseinlech QR-Code scannen. Wann keng Verbindung besteet, da kennt Dir äer Fotoen spéitstens den Dag nom Event eroflueden. Dir kritt och een perseinlech Pincode vir op all är Fotoen kennen zouzegraifen. Fotoen sinn een Mount accessibel.
Nee, all eis Praiser sinn transparent an et kommen keng wieder Liwerkäschten dobäi!
Op Wonsch stellen mir een Assistent(in) zur Verfügung, deen wärend ärem Event är Leit animéiert Fotoen ze maachen an deen sech bei Problemer em d’Maschinn bekëmmert. Froot ären Devis dozou un!
Aer Gäscht kennen mat eisem Telefon Iech eng flott Sproochnooricht hannerloosen. Loosst eist Gaaschtbuch eng lieweg Erënnerung un déi Leit sinn, déi Iech am meeschte bedeiten.